Maison Viticole Roeder

All Fläsch Wäin dréit zum Erhale vun der Natur- a Kulturlandschaft bäi.
Luc Roeder, Rosport-Hoelt

Eenzegaarteg Wéngerten

Eis wuerzelecht Riefstäck, déi deelweis iwwer 100 Joer al sinn, maachen d’Biowéngerte vun der Maison Viticole Roeder zu deenen eenzegaartegsten a beschte Wéngerte vum Lëtzebuerger Wäibaugebitt. Ma net nëmmen den Alter mécht dës Lag op der Sauer zu Rouspert sou interessant, mee och dat intakt Landschaftsbild. D’Wéngerten an den alen Dréchemauere sinn de ganzen Dag vun der Sonn verwinnt.

De Muschelkallek bréngt héisch elegant, mineralesch a komplex Wäiner ervir. Aus eisen homeopatheschen Erträg vun 10-35 hl/ha entsti Wäiner vun topp Qualitéit. D‘Wäiner ginn ausgebaut an agefëllt vum Domaine Sunnen-Hoffmann.

De gréissten Deel vun de Wéngerte gëtt ouni Maschinne bewirtschaft. Qualitéitshandwierk iwwert d‘ganzt Joer ass hei gefrot.

Informationen zum Betrieb

Kontakt

27, rue de la Montagne | L-6586 Steinheim

Name: Luc Roeder

GSM: 00352 691628731

E-mail:

www.biowenzer.lu

Zertifizierung

Member bei der Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg a.s.b.l.

Betrieb

Weinbau & Spirituosen

Hauptbetriebszweige

Weinbau

Produkte

Wein

Verkauf

Direktvermarktung, Direktvermarktung ab Hof