News

Foire Agricole

Kommt a besicht eis op eisem flotte Stand op der Foire Agricole zu Ettelbréck.
De ganze Weekend iwwer si mir vu Freides bis Sonndes am Zelt vu sou schmaacht Lëtzebuerg ze fannen. Fir d’Kanner hu mir och gesuergt, si kënne Seedballs bastelen.
Et sinn natierlech och motivéiert Bio-Produzenten um Start: An Dudel – Dudel Magie, Bio-Haff Baltes, BioOvo, BIOG & BIOG Molkerei, Dauler Beiemann, d’Fachgrupp Demeter um Stand vu Bio-Lëtzebuerg asbl., den IVLB – Bio-Maufel zesumme mat der Boucherie Niessen sowéi ProActif – am gaertchen-sud asbl.
D’IBLA asbl. stellt e pur flott Projeten fir. Dir gesidd alleng bei eis gëtt et well vill ze entdécken. Mir freeën eis op Iech!