News

Teamverstärkung

Moien, ech sinn d’Anne Hoffmann, ech hu 27 Joer a wäert d’Biovereenegung als Assistentin vun eiser Direktesch Daniela Noesen verstäerken a bei Projeten ënnerstëtzen. Well mech d’Themen Ëmwelt, Ernärung, Nohaltegkeet, Landwirtschaft an och Déiereschutz zënter laangem interesséieren, hunn ech Agrarwëssenschaften zu Bonn studéiert, an dono ee Master an der Ëmweltwëssenschaft dru gehaangen. Fir d’Zukunft wënschen ech mir eng Gesellschaft, déi méi nohalteg a reflektéiert handelt – eng, an der d’Mënsche mateneen an net géinteneen handelen. Et wier mäi Wonsch, dass Wäerter wéi déi, déi d’Bio-, Bio LËTZEBUERG an d’Demeter-Sigele vertrieden, méi an eiser Gesellschaft verankert ginn. Ech si gespaant, wat d’Zukunft nach alles mat sech bréngt, a freeë mech een Deel vun der Biovereenegung ze sinn an Iech hoffentlech all deemnächst kennen ze léieren. Op eng gutt Zesummenaarbecht!