News

EU-Bio-Dag

en 23. September ass den offiziellen EU-Bio-Dag. D’Europäescht Parlament, de Rot an d’Kommissioun hunn eng gemeinsam Erklärung ënnerschriwwe fir dësen Dag zum EU-BIO-Dag ze deklaréieren. Dëst ass eng Konsequenz aus dem Aktiounsplang fir d’Promotioun vun der ökologescher/biologescher Produktioun, deen d’Kommissioun den 25. Mäerz 2021 ugeholl huet a wou d’Aféierung vun esou engem Dag fir d’Sensibiliséierung fir d’ökologesch/biologesch Produktioun ugekënnegt gouf.

Zum Ulass vum feierlechen Ënnerschreiwen vun dëser Erklärung huet den EU-Kommissär fir Landwirtschaft Janusz Wojciechowski folgend Wieder un d’Leit geriicht: „Heute feiern wir die ökologische/biologische Produktion und eine nachhaltige Landwirtschaft, bei der die Lebensmittel im Einklang mit der Natur, der biologischen Vielfalt und dem Tierschutz erzeugt werden. Der 23. September ist auch der Tag des Herbst-Äquinoktiums, wenn Tag und Nacht gleich lang sind, ein Symbol des Gleichgewichts zwischen Landwirtschaft und Umwelt, das perfekt auf die ökologische/biologische Produktion passt.

Zesummen mam Landwirtschaftsministère informéiert d’Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg a.s.b.l. iwwer Bio vun heiheem a gëtt weider Informatiounen zum Sujet. Den

23. September als EU-BIO-Dag gëtt och hei zu Lëtzebuerg genotzt fir iwwer Bio ze sensibiliséieren. Op d’ökologesch a biologesch Bewirtschaftung an der Landwirtschaft, d’biologesch Vielfalt an d’Produktioun vu biologesche Produite solle verstäerkt opmierkasam gemaach ginn, well, Bio mécht en Ënnerscheed! D’Regierung huet sech d’Zil gesat, dass bis 2025 20% vun der ganzer landwirtschaftlecher Surface am Bio bewirtschaft gi sollen. Do heescht ët fir jiddereen sech domat ausernee setzen a mat schaffen. Interesséiert Iech fir eis Bio-Baueren, kaft a genéisst Bio-Liewensmëttel vun heiheem.